On Stéitsch

21. September2024

14h - 24h

Gratis Entrée

About

De Service national de la jeunesse organiséiert all Joer den On Stéitsch Festival – e Festival räich u Kultur a Konscht fir Jonker (ënnert 30 Joer). Haaptzil vum Festival ass d’Promotioun vun de verschiddene Kulture vun de Jonken, esou wéi d’Visibilitéit vun den Acteuren aus dem Jugendsecteur ze stäerken an hir verschidde Projeten ze valoriséieren.

Den On Stéitsch ass de Rendezvous fir jonk Kreateuren an Artiste wärend der Schoulrentrée, mat verschiddene Bünen, een Ausstellungsberäich, esou wéi kreativ, sportlech an informativ Stänn.

De Festival ënfaast ganz verschidde Beräicher (Musék, Danz, Theater, …), mee d’Iddi dohannert bléift déi nämmlecht: eng Plattform zur Selbstverwierklechung bidden, ouni Jugement oder Competitioun.

D’Editioun 2023 war e vollen Erfolleg a mir bereede scho voller Elan di 17. Editioun vir, di den 21. September 2024 wäert stattfannen.

Maach Mat

D’Umeldunge fir d’Editioun 2024 sinn op.

All jonk Artisten ënner 30 Joer kënne sech aschreiwen (bei Gruppen zielt d’Altersmoyenne).

Dës Altersmoyenne gëllt natiirlech net fir d’Stänn di interesséiert sinn de Jonken eppes flottes unzebidden.

Wann dir Loscht hutt mat ze maachen, kënnt dir Iech elo scho fir di 17. Editioun vum Festival umellen, di den 21. September 2024 wäert stattfannen.

Close

Thanks

Merci fir deng Aschreiwung.
Den Organisatiouns-Kommitee wäert sech nom 1. Mee bei dir mellen. Wann s du nach Froen hues kanns du ons iwwert onsteitsch@youth.lu kontaktéieren.

Kontakt

@Rotondes
Places des Rotondes
L-2448 Luxembourg

SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE
Mme Corinne SCHEER
M. Gary MULLER
onsteitsch@youth.lu
Planifiez votre visite