On Stéitsch
26 September2026
14h - 22h
About
De Service national de la jeunesse organiséiert all Joer de Festival On Stéitsch – e Festival räich u Kultur a Konscht fir Jonk a manner Jonk. D’Haaptzil ass et, d’Jugendkulturen ze fërderen an zur Visibilitéit vun den Acteuren aus dem Jugendsecteur bäizedroen, souwéi hir Projeten ervirzehiewen.
Den On Stéitsch ass de Rendez-vous vun de jonke Kreativen a Kënschtler am Ufank vum Schouljoer, mat verschiddene Bünen, engem Ausstellungsraum a kreative, sportlechen an informativen Stänn.
De Festival deckt ganz verschidde Beräicher of, mat enger gemeinsamer Iddi: e bidd eng Plattform fir sech auszedrécken, ouni Bewäertung oder Konkurrenz.
Déi 19. Editioun fënnt den 26. September 2026 am „Schluechthaus“ zu Hollerech statt.
Maach-mat
D’Umeldunge fir d’Editioun 2026 sinn op.
Fir wien?
Jonker bis 30 Joer (individuell oder als Grupp):
Musek, Danz, visuell Konscht, Theater a vill aner Konschtformen
Acteuren aus dem Jugendsecteur:
Interaktiv Presentatioun vun hiren Offeren a Servicer
Wéini?
Mellt Iech bis den 1. Mee un!
Verlängerung vun der Umeldungsfrist fir Museksgruppen bis den 15. Mee.
Thanks
Merci pour ta demande d’inscription.
Le comité d’organisation te contactera mi-juin 2026. Si tu as des questions urgentes, tu peux nous contacter via onsteitsch@youth.lu.
Kontakt
Schluechthaus (Hollerich)
5, rue de l’Abattoir
L-1111 Luxembourg
SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE
onsteitsch@youth.lu