On Stéitsch

See you next year

ABOUT

De Service national de la jeunesse organiséiert all Joer de Festival On Stéitsch – e Festival räich u Kultur a Konscht fir Jonk a manner Jonk. D’Haaptzil ass et, d’Jugendkulturen ze fërderen an zur Visibilitéit vun den Acteuren aus dem Jugendsecteur bäizedroen, souwéi hir Projeten ervirzehiewen.

Den On Stéitsch ass de Rendez-vous vun de jonke Kreativen a Kënschtler am Ufank vum Schouljoer, mat verschiddene Bünen, engem Ausstellungsraum a kreative, sportlechen an informativen Stänn.
De Festival deckt ganz verschidde Beräicher of, mat enger gemeinsamer Iddi: e bidd eng Plattform fir sech auszedrécken, ouni Bewäertung oder Konkurrenz.

Déi 19. Editioun huet den 26. September 2026 am Schluechthaus zu Hollerech stattfonnt. Mir freeën eis elo schonn drop, Iech d’nächst Joer bei enger neier Editioun vun On Stéitsch erëmzegesinn!

Maach-mat

D’Umeldunge fir d’Editioun 2027 sinn op.


Fir wien?
Jonker bis 30 Joer (individuell oder als Grupp):
Musek, Danz, visuell Konscht, Theater a vill aner Konschtformen
Acteuren aus dem Jugendsecteur:
Interaktiv Presentatioun vun hiren Offeren a Servicer

Wéini?
Mellt Iech bis den 1. Mee 2027 un!

Close

Thanks

Merci fir deng Umeldungsufro, déi gutt fir d’Editioun 2027 registréiert gouf.

Den Organisatiounscomité wäert dech kontaktéieren, wann et esou wäit ass.

Wann s du Froen hues, kanns de eis gäre kontaktéieren iwwer : onsteitsch@youth.lu.

Mat beschte Gréiss,

On Stéitsch Team

Contact

SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE
onsteitsch@youth.lu

LIEU DU FESTIVAL:
Schluechthaus (Hollerich)
5, rue de l’Abattoir
L-1111 Luxembourg

Planifiez votre visite