On Stéitsch
20. September2025
14h - 22h
About
De Service national de la jeunesse organiséiert all Joer den On Stéitsch Festival – e Festival räich u Kultur a Konscht fir Jonker (ënnert 30 Joer). Haaptzil vum Festival ass d’Promotioun vun de verschiddene Kulture vun de Jonken, esou wéi d’Visibilitéit vun den Acteuren aus dem Jugendsecteur ze stäerken an hir verschidde Projeten ze valoriséieren.
Den On Stéitsch ass de Rendezvous fir jonk Kreateuren an Artiste wärend der Schoulrentrée, mat verschiddene Bünen, een Ausstellungsberäich, esou wéi kreativ, sportlech an informativ Stänn.
De Festival ënfaast ganz verschidde Beräicher (Musék, Danz, Theater, …), mee d’Iddi dohannert bléift déi nämmlecht: eng Plattform zur Selbstverwierklechung bidden, ouni Jugement oder Competitioun.
Di 18. Editioun huet den 20. September 2025 am Schluechthaus zu Hollerech stattfonnt.
Maach Mat
D’Umeldungen fir d’Editioun 2025 sinn zou.
Dir kënnt Iech fir d’Editioun 2026 umellen.
Thanks
Merci fir deng Aschreiwung.
Den Organisatiouns-Kommitee wäert sech Mëtt Juni 2026 bei dir mellen. Wann s du nach Froen hues kanns du ons iwwert onsteitsch@youth.lu kontaktéieren.
Kontakt
Schluechthaus (Hollerich)
5, rue de l’Abattoir
L-1111 Luxembourg
SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE
onsteitsch@youth.lu